Tounkonscht
radio 100,7
Vun der éischter Halschent vum 20. Joerhonnert bis an d’60er Joren hu sech, nieft den traditionellen Ausdrocksforme vun der Konscht och nach transmedial Experimenter entwéckelt, bei deene besonnesch den Toun eng entscheedend Roll op déi nei Géigewaartsästhetik geholl huet: vun de futuristesche Kaméidismaschinnen iwwert d’Pianosdestructioune vu Fluxus, bei déi akustesch Architekture vun Le Corbusier an Xénakis, grad wéi den neien experimentelle Kino aus de 60er Joren. Gemeinsam hu se all, datt se den Toun an Tounexperimenter an hir Formen integréieren. Den Toun ass net méi just en Accessoire vun den Ufänk vun der Géigewaartskonscht, en ass e feste Bestanddeel dovunner.